Gemeng Useldeng verdeelt 20.000 Beki un hir Bierger!

Fr, 06/25/2021 - 15:54
Useldeng Useldange Beki Nohalteg Relance Wirtschaft

Am Kader vum Nationalfeierdag huet d’Gemeng Useldeng all eenzelem Awunner 10 Beki geschenkt! No engem schwierege Joer mam Coronavirus sollen esou net nëmmen d’Awunner, mä virun allem och déi lokal Betriber ënnerstëtzt ginn.  

D’Gemeng Useldeng mécht fir, wéi et geet:

Vill Gemenge queesch duerch d’Land hunn Aktioune gestart fir de lokale Commerce ze stäipen, meeschtens mat Akafsbongen. Akafsbonge gi grondsätzlech awer nëmmen eemol ageléist an dann an Euro rembourséiert. An de Gros dovunner lant net méi bei de lokale Betriber - déi grouss Onlinehändler zum Beispill hunn net ouni Grond Rekordëmsätz gemaach.

D’Gemeng Useldeng huet sech do méi clever ugeluecht. D‘Beki zirkuléieren nämlech weider tëschent de lokale Betriber, léisen eng Kettereaktioun u lokalen Akeef aus a sou hëlleft een deem anere géigesäiteg. Statistesch gesinn, wäerten déi 20.000 Beki déi d’Gemeng un hir Bierger verdeelt huet, fir een Ëmsaz vun zirka 120.000 Beki suergen! Eng Aktioun mat Hiewelwierkung also.

D’Gemeng Useldeng setzt domadder och direkt zwee wichteg Zeechen: Och wann de Begrëff Solidaritéit an d’Solidaritéit u sech zimmlech strapazéiert goufen, esou ass d’solidarescht Zesummeschaffen, wéi mat de Beki Schäiner, awer d’Léisung fir laangfristeg gestäerkt aus der Kris ze kommen.  A wann ee laangfristeg seet, seet een och nohalteg. Mëttlerweil weess all Mënsch wéi wichteg et ass, regional ze konsuméieren, fir den ekologesche Foussofdrock ze verréngeren. Mat dëser Aktioun vun der Useldenger Gemeng geschitt dat ganz konkret an et wäert sécherlech och eng Partie Bierger eng éischte Kéier an déi lokal Betriber lackelen un deenen se da bestëmmt Gefale fannen an hoffentlech trei Client’e ginn.

Mir felicitéieren zu där gelongener Aktioun a soe Merci fir déi flott Zesummenaarbecht!