10 Joer Beki Feier!

Do, 02/02/2023 - 13:08
10 Joer Beki Feier

Feiert mat eis dat zéngjäregt Bestoe vum Beki, deem eenzege Regionalgeld zu Lëtzebuerg!

Samschdes den 04.03.2023 an der Biekerecher Millen (103 Huewelerstrooss, L-8521 Biekerech).

Um 20 Auer ginn d'Dieren um éischte Stack vun der Millen fir Iech op.

Um 21 Auer geet lass mat engem Concert vun den "Halunken" (Akkusteschen Singer-Song-Writer-Folk). An hirem Gassenhauer iwwert d'Ambiance am Duerfcafé, sange si och iwwert de Beki.

Duerno suergt d'DJane Hasi, Resident DJ am Flying Dutchman, fir gutt Stëmmung.

Kommt a feiert mat!

Mir freeën eis op Iech!