Déi nei Beki Schäiner sinn do!

Di, 01/11/2022 - 17:02
nei Beki shop local développement durable

D’Zeechnunge komme vun zwee ganz jonke Kënschtler, dem Gilles Even an dem Felix Reinard, allebéid aus der Gemeng Ell. D’Grafikerin Nina Bezirgani huet doraus richteg flott Schäiner gemaach.

Nei ass och, dass op der Récksäit net nëmme Reklamme sinn, mä och al lokal Seechen, insgesamt zeng Geschichten, eng pro Gemeng aus dem Réidener Kanton. D’Sozialpedagogin Manon Bissen an ee fréiere fräie Mataarbechter vum Feierkrop hu se erausgesicht an interpretéiert. D’Romaine Ziser, bekannt aus dem Miro zu Randschelt, vun deem dës flott Iddi koum, huet se op der Hand geschriwwen.

Den Alex Kampa, Direkter vu Sikoba, déi och eis App entwéckelen, huet de komplizéierten Drockdossier opgesat, deen den Emplacement vun de Reklammen a Seriennummere koordinéiert. An der Imprimerie Centrale sinn se gedréckt ginn. Jiddereen dee se bis elo gesinn huet, ass begeeschtert vum neien Design.

Alle Bedeelegten ee ganz grousse Merci!

D’Schäiner waarden op Iech zu Réiden bei der BGL, Post, Raiffeisen a Spuerkeess, souwéi am Tourist Info zu Useldéng an op Rendezvous op der Biekerecher Millen. Och eise lokale Banquieren, déi elo schonn zanter néng Joer dëse Service gratis ubidden, ee ganz grousse Merci!

Dës Beki Serie gouf a méi enker Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat “De Réidener Kanton” ëmgesat. D’Sujeten déi op de Schäiner duergestallt sinn, sinn déi Themen ëm déi de Syndicat sech këmmert:

  • 1er Beki: Ekonomie
  • 2er Beki: Ländlech Entwécklung
  • 5er Beki: Tourismus
  • 10er Beki: Kanner a Jugend
  • 20er Beki: Klima an Ëmwelt
  • 50er Beki: Drëtten Alter

Mir soen och dem Gemengesyndikat, deen eis zanter 2014 ënnerstëtzt, villmools Merci!

Mat frësche Schäiner a mat frëschem Elan starte mir an dat zéngt Joer vun eisem Veräin! Ee Joer an deem och den digitale Beki, an deen eng enorm Aarbecht gefloss ass, lancéiert gëtt an an deem de Leader Crowdfunding Projet, bei deem mir Partner sinn, zum Ofschloss komme soll. Dofir, dass mir esou wäit komm sinn, gëllt och all eise Memberen, all de Betriber déi matmaachen, ee grousse Merci! Dir sidd einfach super!