Appel aux Projets: Beki-Fërderung fir Äre Projet!

Mi, 12/05/2018 - 15:58
Beki Regionalgeld Regiogeld monnaie complémentaire mlcc regional currency Kanton Réiden Kanton Redingen

Vun all Euro deen 1 zu 1 a Beki gewiesselt gëtt, ginn dräi Prozent un e gudden Zweck. An och Dir/Är Organisatioun kéinten d’nächst Joer dovunner profitéieren. Dofir, notzt Är Chance a bewerbt Iech mat Ärem Projet/Ärer Iddi!

Et gi keng spezifesch Kritären, déi Äre Projet erfëlle muss an et muss och net onbedéngt een neie Projet sinn, mä et kann och eng scho bestoend Aktivitéit sinn, déi soll ausgebaut ginn. Mir wollte bewosst keng Iddi ausschléissen. All Iddi ass wëllkomm. D’Membere vum Beki Veräin De Kär wielen ënnert de Bewerbungen dee Projet aus, deen 2019 mat dräi Prozent vun der agewiesselter Beki Zomm ënnerstëtzt gëtt.

Hei ënnen op dëser Säit kënnt Dir de Bewerbungsformulaire eroflueden, deen Dir ausfëllen an op info@beki.lu  bis zum 11.01.2019 aschécke kënnt. Et ass wichteg, dass Dir Iech kuerz faasst, well vill Leit wäerten déi Texter liesen. Respektiv ass et wichteg, dass Dir Iech kuerz faasst, fir dass vill Leit Ären Text liesen. Eis Memberen stëmmen nämlech of, wéi ee Projet d’nächst Joer soll ënnerstëtzt ginn.

Fäert net, et ass net schwéier! A wann Dir nach weider Froen hutt, zéckt net eis ze kontaktéieren: info@beki.lu / 236221847

 

Bonne Chance !

docx 39.43 KB Download