Beki...
fir mech
  • Fir all 100 Euro kannn een elo 3 Beki extra kréien.
  • Ech weess, dass meng Sue weider a menger Regioun zirkuléieren an de lokale Betriber zegutt kommen.
  • Et si frou eppes fir d’Gemeinschaft a menger Géigend maachen ze kënnen. 
fir meng Regioun
  • Méi Kafkraft a méi Ëmsaz, well d’Suen an der Regioun bleiwen an zirkuléieren. Dat suergt fir eng villfälteg Noversuergung a lieweg Dierfer.
  • De Beki huet sech zu engem Markenzeechen vun eiser Regioun entwéckelt
  • De Beki fördert de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit 
fir mäi Betrib
  • E Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Dat bréngt Client’en a gëtt Sécherheet.
  • De Beki lackelt och méi Privatclient’en a mäi Betrib.
  • De Beki ass e Label, dee beweist, dass mäi Betrib sech fir d’Regioun engagéiert.
Meng Motivatioun beim Beki matzemaachen
D‘Regionalgeld stäerkt eis Onofhängegkeet, fuerdert d‘Solidaritéit a bréngt de Konsument an de Produzent aus der Regioun nees méi no zesummen! Vertrauen. Ennerstëtzen. Virukommen. Beki. Kaaf Kraaft fir d’Zukunft!
Ingrid Van der Kley
Art&Wise
Ech mâche mat beim Beki wel éch wel dat mer nach enert ons kene bezùle wan enges Dâgs di bôr Suen ofgeshâft gin. Da kan éch wénstens ménge Kands-Kanner hirt Täschegeld an d'Hand gin a keng Bank geseit et.
Miranda Welter
Danzatelier
Als ee Service, deen an eiser Géigend aktiv ass,  ass et eis wichteg eis Regioun ze ënnerstëtzen.
Chantal Back
Club Atertdall