FAQ

  • Mä ass de Beki dann net géint den Euro a géint Europa?

    Froe mir mol esou: Wann ech mam Vëlo meng Bréidercher bei de Bäcker kafe fueren, sinn ech dann automatesch géint Fligeren? A wann ech mam Fliger an d’Vakanz fléien, sinn ech dann automatesch géint Vëloen? Natierlech net. Béides ass sënnvoll fir seng Zwecker. An esou ass et och mam Beki a mam Euro. Wann ech an der Eurozon an d’Vakanz ginn, dann ass den Euro ganz praktesch. Mä brauch ech wierklech ee Geld, mat deem ech och a Portugal bezuele kéint, wann ech grad effektiv meng Bréidercher beim Bäcker ëm den Eck bezuelen? An alle Beräicher ginn et Alternativen an duerch de Beki gëtt et déi elo och beim Geld. Den Euro ass gewëssermoossen den Jumbo-Jet, mat deem ech an d’Vakanz fléien, de Beki ass gewëssermoossen de Vëlo mat deem ech d’Bréidercher am Duerf siche ginn. Béides ergänzt sech.

    A géint Europa oder den europäesche Gedanken ass de Beki sécher och net. D’EU huet iwwert hire LEADER Programm d’Virbereedungsphas vum Beki gefördert. An dat aus guddem Grond: Ee vun de Grondprinzipien an der EU ass de Subsidiaritéitsprinzip, dee beseet, dass d’Saache sollen op där méiglechst niddreger, respektiv nächst héijster Ebene behandelt ginn. A wa Bierger aus dem Réidener Kanton der Meenung sinn, dass z.B. d’Aarbechtsplazen an hirer Géigend sollen erhale bleiwen, dass regional Produzenten sollen ënnerstëtzt ginn, etc, da wëll d’EU net, dass si e Bréif un d’Kommissioun schreiwen fir dass déi sech soll drëms këmmeren, mä dass de Réidener Kanton sech soll selwer drëms këmmeren.

    An enger fräier Welt ass all zousätzlech Alternativ ëmmer eppes grondsätzlech Positives. Nëmmen eng Alternativ erméiglecht et, sech fräi ze entscheeden.

  • A wann dann elo all Regioun dat géif maachen….?

    Dës Fro héiert een oft als Virworf formuléiert, esou wéi wann dat e Problem wier a wéi wann een da misst mat lauter verschiddene Währunge ronderëm fueren, wann een duerch d’Land fiert. Dat ënnerstellt awer, dass de Beki Projet géint den Euro geriicht wier an d’Iddi wier den Euro duerch lauter Regionalwährungen ze ersetzen. Dat ass awer selbstverständlech net d’Zil. An dowéinst wier et och komplett onproblematesch, wann tatsächlech all Regioun säin eegent Regiogeld géif aféieren. Doheem kéint ee mat sengem Regiogeld bezuelen a wann ee seng Regioun verléisst, mam Euro oder wann ee Loscht hätt, mat dem entspriechende Regiogeld. A wann ee guer keng Loscht huet mat Regiogeld ze bezuelen, da bezilt een einfach iwwerall mam Euro. Sou einfach ass dat.

    Iwwregens ginn et ënnert den Unhänger vun de Regiogelder vill Leit, déi fir e mehrstufegt Geldsystem sinn. Lokal/Regional Gelder, national/multinational Gelder an eng global Währung fir international Transferten, déi awer net vun engem eenzege Staat kontrolléiert wier. Sou kéint all Geld ouni Kompromisser sengem zougeduechten Zweck déngen.

    An iwwregens, wann een an der Geschicht zeréck kuckt, stellt ee fest, dass a ville Géigenden laang Zäit verschidde Währungen parallel zirkuléiert sinn. Schonn di al Ägypter haten en duale Währungssystem: Gelder aus Edelmetall vun anere Länner hu si (zum Metallwäert) akzeptéiert a fir den (Innen- an) Aussenhandel benotzt. Do dernieft hu si am Inland mat Quittunge bezuelt, déi op Tountafelen notéiert waren. Een eenzegt Geld fir alles ze hunn, ass eng historesch Ausnahm.

    Linksammlung zum Thema Regiogelder:

    ccia.eu/

    complementarycurrency.org/

    www.financite.be/fr

    www.neuesgeld.net/

    www.neuesgeld.com/

    www.lietaer.com/

    regionetzwerk.blogspot.de/